Trauerried

Léift Helga

Léif Familjen,

Léif Frënn a Bekannten,
 
 

Mir hun eis hei um Märeler Kierfecht afonnt, fir dem Georges Penning e läschten Awuer ze soën.

Wann een am Liewen e gudde Mënsch, deen engem nostoung, fir ëmmer verléiert, ass et schwéier domat eens ze gin, jo et ass bal onméiglech et ze begräifen. Do wou gëschter nach e Wee war, eng Stëmm, e Laachen, eng léif Hand, do ass haut eng eidel Plaz, e Lach waat een nët sou séier zouschweesse kann.

Léif Famill a Frënn vum Georges Penning,

Den Doud verlaangt nët no ville Wierder, am Géigendeel a freet no Rou a Besënnung. Besënnung dorop, waat de Verstuerwenen eis bedäit huet, waat mir vun him geléiert hun a waat mer weider an eisen Häerzer an an eiser Erënnerung droën.

De Georges Penning ass haut viru baal 65 Joër gebuer gin an enger Zäit, déi vu Krich gezeechent war. Hien ass dann och a fréier Kannerzäit mat dramateschen Evenementer konfrontéiert gin, déi hien säi ganzt Liewen geprägt hun.

De Georges Penning ass als een vun zwee Jongen an eng Famill vu fënnef Kanner eragebuer gin, eng Famill déi sech am Krich ganz besonnesch an der Resistenz ausgezeechent huet an et ass dann och nët ouni Grond, dass hien sech intensiv a sengem spéidere Liewenslaf mat der Roll vun der Resistenz hei zu Lëtzebuerg beschäftegt huet, dëst zesumme mat sengem gudde Frënd dem Henri Koch-Kent.

Et ass haut an hei nët d’Plaz fir op all di Evenementer vun däer Zäit anzegoën. Ech wëll awer hei op een Ereignis hiweisen, nämlech neen dass de Georges als klenge Jong en däitschen Schoulmeeschter haat an dass hien deemols refuséiert huet, an der Klass den „Heil Hitler"-Grouss ze machen, sou wéi daat vun him a vu senge Matschüler verlaangt gin ass. Dëst war sëcherlech a sengem Liewen déi éischte Kéier, wou de Georges sech géint Onrecht gewiert huet an dës Oplehnung géint Ongerechtegkeet an Ënner-dréckung huet säi ganzt Liewen wéi e Leetfuedem duerchzun.

De Georges Penning ass awer och ëmmer fir seng Geschwester e Brudder gewiecht, deem een konnt seng Suergen a Problemer uvertrauen. Et war him nie eng Stonn ze fréi oder ze spéit an en haat ëmmer en oppent Ouer fir seng Schwesteren a säi Brudder, mat deenen hien sech oft stonnelaang iwwer gemeinsam Problemer, awer och iwwer Philisophie a Politik ënnerhalen huet.

De Georges Penning huet sech schon a fréie Joëren staark fir d’Literatur a ganz besonnesch och d’Philosophie interesséiert an et gouf kaum e Philosoph deen hien nët am Detail gelies haat a mat deem en sech och ofgin huet. Och wann de Georges Penning a sech spéider Economie enseignéiert huet, war hien dach ganz besonnesch vun der Literatur a ganz besonnesch der franzéischer, faszinéiert. Hien huet dann och oft senge Frënn gesot, dass fir hien d’Economie an d’Literatur respektiv d’Philosophie ganz enk géifen zesummenhänken.

De Georges Penning ass awer virun allem en Humanist gewiecht, deen sech mat Engagement an Devouement deene Causen verschriwwen huet, déi sech géint Onrecht, Intoleranz an Diktatur awer och mënschlech Dramen a Katastrophen opgeleent hun. En huet daat op déi him eegen diskret Manéier gemach, well hie wor eben nun emol nët dee Mënsch, deen sech selwer wollt an de Virdergrond stellen, mee hien huet nie nee gesot, wann seng Frënn, Bekannten hie gefrot hun, fir bei enger Cause matzemachen.

De Georges Penning ass awer och en toleranten Mënsch gewiecht par rapport zu all deene Leit, déi nët seng ideologesch oder reliéis Iwwerzeegungen gedeelt hun. Ech haat selwer oft laang Gespréicher mam Georges iwwer Politik a Philosophie an och wa mir nët ëmmer däerselwechter Meenung waren, sou waren dës Gespräicher ëmmer intensiv an instruktiv. De Georges huet ëmmer aner Meenungen acceptéiert an hien huet versicht, dës ze verstoën an nozevollzéien an d’Conclusioun vun sou Gespräicher war dann och, dass mer finalement constatéiert hun, eigentlech guer nët sou wäit ee vun deem aner ewech ze sin.

De Georges Penning ass awer fir déi meescht vun Iech virun allem en exzellenten Journalist a Schrëftsteller gewiecht. Hien huet fir Tageblatt, de Journal an de Grénge Spoun während laange Joëren Rubriken geschriwwen. Ech wëll awer hei besonnesch op säi „Courrier de Léopoldine" hiweisen, deen e joerelaang am Lëtzebuerger Land geschriwwen huet, an duerno am Feierkrop ënnert dem Pseudonym „Carnet de Nathalie" bis zu sengem Doud virugefouert huet.

Seng Contributiounen hun sech ausgezeechent duerch eng grouss Finesse, souwuel waat den Inhalt vun deenen Artikelen ubetrëfft, mee awer ganz besonnesch di franzéisch Sproch déi ëmmer erëm den Lieser faszinéiert huet.

De Georges Penning léisst dann och als Ierfschaft zwanzeg Joër Chronik vu Lëtzebuerg zeréck an ech mengen, et gi wéineg Journalisten, déi iwwer zwanzeg Joër, sou wéi de Georges, d’Aktualitéit vun dësem an eisem Land sou genau verfollegt mee awer och kommentéiert hun.

De Georges Penning huet a sengen Artikelen sech vill mat den Ongerechtegkeeten mee awer och mat den Hipokrisiën an eiser Gesellschaft, besonnesch déi vun der Politik, beschäftegt, dëst ouni jemols aner Mënschen perséinlech ze attackéieren oder ze denigréieren, mee en huet daat op di him eegen fein a sensibel Art a Weis gemach an en huet och nët gefaart, emol Kritik un der Medienlandschaft an domadden u senges Gläichen ze üben.

Niewent senge journalisteschen Contributiounen ass de Georges Penning och vun Ufank un en tatkräftegen Mataarbechter vun de Cahiers Luxembourgeois gewiecht, wou en ëmmer erëm regelméisseg Bäiträg publizéiert huet.

Doniewent ass en och am Lëtzebuerger Schrëftstellerverband e geschaatenen Mataarbechter gewiecht, deen et och ëmmer erëm fäerdeg bruecht huet, Schrëftsteller- oder Journalistekollegen an hirem alldeegleche Schaffen ze encouragéieren an hinnen och oft a schwieregen Situatiounen Mut an Unerkennung auszespriechen.

Niewent senge schrëftstellereschen Aktivitéiten huet de Georges Penning sech awer och ganz besonnesch ëmmer erëm fir seng laizistesch Iwwerzegungen agesaat an en huet daat mat ganz groussem Engagement an der Associatioun „Liberté de conscience" gemach, dëst awer ëmmer op déi vun him tolerant Art a Weis am Respekt vun anescht Denkenden. Waat säi politescht Engagement ubetrëfft, huet hien sech ëmmer ganz kloër der Gauche zougerechent an en huet och engagéiert fir dës Iddiën gekämpft, ouni dass hien sech awer awer wollt an de fir hien ze vill enken Korset vun enger Partei agrenzen loossen. Wéi ech dës Ried virbereed hun, ass mer am Gespréich mat engem vu senge Kollegen en Zitat zougedroe gin, waat hie selwer gebraucht huet, fir sech a seng politesch Engagementer ze beschräiwen, an ech wëll Iech daat hei nët virenthalen, nämlech dass hien sech als „un soldat perdu de la Gauche" gesin huet.

De Georges Penning huet dann awer och nach niewent senge ganz villen humanisteschen Engagementer eent gehaat, waat Iech vläicht manner bekannt ass, waat awer dofir nët manner wichteg ass, nämlech sech anzesetzen fir Kanner mat Dislexie, wou e besonnesch während senge Joëren an der Schwäiz sech intensiv beschäftegt huet.

De Georges Penning ass e Mënsch mat vielfältegen Interesse gewiecht, deen ëmmer en oppent Ouer haat fir d’Suergen an d’Problemer vu senge Matmënschen. Erlabt mer vläicht hei och e ganz perséinlecht Wuert: de Georges – an dësem Fall de Moni Georges fir mech – haat ëmmer ganz besonnesch vill Verständnis fir d’Suerge vun der Jugend an hie war och opgeschloss fir d’Evolutiounen an eiser Gesellschaft. Zesumme mat menge Cousin’ën hu mir de Georges gär mat erausgeholl an ech géif hei wëlle soën, dass dës Sortiën zesumme mat senger Nies a sengen Neveuën him ëmmer vill Freed gemach hun. De Georges war e gesellege Mënsch an et ass mir ëmmer ganz besonnesch opgefall, wéi hien duerch seng flott an agreabel Art a Weis en exzellenten Drot zu der Jugend an domat ganz besonnesch zu senge Schüler hat.

Ech wëll awer och op dëser Plaz ganz besonnesch un seng Liewenspartnerin, d’Helga Mailliet, mech adresséieren, déi dem Georges während laange Joëren eng onermiddlech Stëtz war, déi hien a sengen vielfältegen Aktivitéiten ëmmer erëm ënnerstëtzt an encouragéiert huet. Ech konnt daat nët méi spéit wéi de läschte Sonndeg émol méi feststellen wéi d’Helga mer a sengem Buch de läschte Satz gewisen huet, deen hir de Georges diktéiert hat an deen den Ufank zu senger Kontributioun fir den nächste Feierkrop sollt sin an d’Schueberfouer als Thema haat.

Léift Helga, Famill a Frënn vum Georges Penning,

Mir sin traureg, mee bestëmmt och dankbar, fir all daat, waat hien eis gi konnt a fir all déi gudd an déif Moment, déi mir mat him hu verbréngen dierfen. D’Liewe geet weider.

Och wann et munchmol vill Kraaft kascht, sou muss een dach no viir kucken. Dem Georges Penning soë mer haut e läschten Äddi andeem mer eis virun him verneigen. Als Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg wëll ech Iech, léift Helga, léif Familjen, Frënn a Bekannten, eis déifst Matgefill ausdrécken an ech géif schléissen mat engem Extrait vun engem vum Georges Penning sengen Artikelen aus dem Feierkrop, dee besser wéi all Wierder de Georges a seng Liewensphilosophie beschreiwt: „Le père Gaspard lève son verre, examine le ciel et conclut sur cette parole de Chamford: ne tenir dans la main de personne, être l’homme de son coeur, de ses principes, de ses sentiments, c’est ce que j’ai vu de plus rare".

Ech géif Iech bieden, dem Georges Penning e Moment stëll ze gedenken.


[Cet éloge funèbre a été prononcé le 13 septembre, lors de l'enterrement de Georges Penning au Cimetière de Luxembourg-Merl, par son neveu, Me Laurent Mosar, avocat à la Cour, conseiller et échevin de la Ville de Luxembourg et membre de la Chambre des Députés.]
<<< retour à la table des matières de cette rubrique





Copyright © 1998-2003 Christian Butterbach. All rights reserved